impossible readings 8

impossible readings

De 25. Abrëll ass et souwäit : Independent Little Lies léisst, am Kader vun de Journées du livre et du droit d’auteur 2017, an Zesummenaarbecht mam Kulturministère a mam Nationalarchiv nees d’Wierder danzen. Nom grousse Succès vun der 7. Editioun vun eiser Liesungsrei, d’läscht Joer fir den 10. Gebuertsdag vum Mudam, dréint sech dëst Joer – wéi kéint et och anescht sinn ? – alles ëm d’Lëtzebuerger Sprooch.  
 
Mir hunn eis d’Fro gestallt : Wéi kann een d’Lëtzebuergescht iwwerhaapt bewäerten ? Wéi ass et fir e Schrëftsteller sech mat eiser Sprooch auserneen ze setzen ? Ass Lëtzebuergesch iwwerhaapt eng literaresch Sprooch ? A wann net : Ass et dann dee ganzen Trara a Klimmbimm ëm eis Sprooch wäert ?  
 
Mat dräi Schrëftsteller déi sech effektiv an eiser Heemechtsprooch ausdrécken : Diane Neises, Ian De Toffoli a Gast Groeber probéiere mer, deene Froen op de Grond ze goen an doraus en Text ze maachen deen – ënnert der Regie vum Elsa Rauchs – vum Claire Thill a Marc Baum am Archiv virgestallt gëtt. Freet iech also op e spannenden Owend deen eis ganz Sproocheproblematik mol aus engem anere Wénkel op de Leescht hëlt.  
 
Den 23. Abrëll gëtt all Joer a ville Länner op der Welt, den Unesco Weltdag vum Buch an den Autorerechter gefeiert. Zu Lëtzebuerg dinn sech d’Acteure vum Buch säit 2007 zesummen fir déi lëtzebuergesch Editioun vum Weltdag vum Buch an den Autorerechter z’organiséieren. D’Editioun 2017 fënnt vum Sonndeg den 23. Abrëll bis zum Samsdeg den 29. Abrëll statt an huet als gemeinsamt Thema « Mam Buch an d’Zukunft » : Wéi gesi mir d’Zukunft ? Wéi ass d’Zukunft an der Literatur thematiséiert ?  
 
Impossible Readings ass eng Liesungsrei déi de Luc Caregari an d’Nora Wagener 2013 am Kader vun der Residenz vun ILL an der Kulturfabrik ugefaang hunn an déi ganz séier eng Eegendynamik entwéckelt huet. D’Konstant vun dësen e bëssen anere Liesungen ass eng Contrainte, all Kéier eng aner Erausfuerderung déi d’Auteuren unhuelen. Déi éischt Editiounen hunn an der Kulturfabrik zu Esch stattfonnt, dono hunn d’Impossible Readings sech op déi verschiddenste Plazen deplacéiert, ëmmer passend zu hirem Challenge: d’Stater Cinémathéik, d’ILL Summer-Residenz zu Walfer, d’Escher Bibliothéik, de Mudam an elo de Nationalarchiv.  
 
 
Text: Ian De Toffoli, Gast Groeber, Diane Neises  
Regie: Elsa Rauchs  
Regieassistenz: Sandy Artuso  
Mam Marc Baum a Claire Thill.  
Literaresch Coordinatioun: Luc Caregari  
Produktiounsleedung a Kommunikatioun: Jill Christophe  
 
Eng Produktioun vun Independent Little Lies, op Commande vum Kulturministère am Kader vun de Journées du livre et du droit d’auteur 2017, an Zesummenaarbecht mam Nationalarchiv.  
 
 

«   November '17   »

Sun Mon Tue Wed Thu Fri Sat
29 30 31 1 2 3 4
5 6 7 8 9 10 11
12 13 14 15 16 17 18
19 20 21 22 23 24 25
26 27 28 29 30 1 2

Dates & Venue

25.04.17, 18h30 Nationalarchiv

Downloads

flyer ir8 (pdf, 1241 Kb)

Reviews

ir8 journal (pdf, 1753 Kb)
ir8 tageblatt (pdf, 656 Kb)